Harmonie Municipale de Pétange a.s.b.l.

Historique de l'HdJ-P

PAGE PRINCIPALE - ACCUEIL
100. Anniversaire de l'HMP
HISTORIQUE de l'HMP
HISTORIQUE de l'HdJ-P
STATUT DE L'HMP
COMITÉ - FONCTIONS
CHEFS DE MUSIQUE ACTUELS
AGENDA (HMP et HDJ)
CIRCULAIRE (HMP et HdJ)
SOUS-ENSEMBLES
PHOTOS
LINKS
DOWNLOADS
CONCERTS de BIENFAISANCE
INFO INSTRUMENTS
CONTACTS
POSTES VACANTS
GUESTBOOK
Comment Nous Trouver?
Concert de Gala 2009

Historique vun der Harmonie des Jeunes vu Péiteng:
 
 

Les chefs de musiques de l'HdJ-P

Photos des chefs de musique de l'HdJ-P

Les présidents de l'HdJ-P

Photos des président de l'HdJ-P

 

D’Harmonie des Jeunes vu Péiteng gouf 1969 gegrënnt, ënnert der Leedung vum Här Paul Pierrard. Dës Gesellschaft huet, wéi bei all Musek mat engem Jugendgrupp, den Zweck, fir de Kanner schons a jonke Joeren dat musikalescht Zesummespill bannent engem Veräin ze erméiglechen, an natirlech fir der Mammegesellschaft, hei also der Harmome Municipale vu Péiteng (HMP), de Rekrutement vu Musikanten ze garantéieren.

 

Am weidere Verlaaf vun der Geschicht vun der HdJ-P zielen mir bis haut 7 Dirigenten (Paul Pierrard, Raymond Block, Robert Weyland, Edy Zimmer, Alain Schintgen, Romain Backes an Jean-Claude Limpach), an 4 Presidenten (Marcel Victor, Felix Graf, Jean-Marie Halsdorf an den aktuellen President Pierre Feltgen)

Dei kleng Musek, wéi se genannt gët, ass zu Péiteng bei alIen offizielle Sortien, Cortègen a Prozessiounen dobai, a gët natirlech bei hire Concert's an aner wichteg Evenementer vun en etlech Musikanten aus der HMP ennerstëtzt.

Si organiséiert doniewent all Joer eng «Matinée Musicale avec Grand Concert », an ass bei de Feieren vum Kannerfrend, den hellegen Zinniklos, un der Spëtzt vum Emzuch. Doniewent üben di jonk Musikantinnen an Musikanten regelméisseg all Woch emol am Prouwesall, organiséieren all Joer zesummen e Stage an enger Jugendherberg, oder sin individuell bei de Museks-Stagen vun der UGDA vertrueden.

Den aktuellen Chef vun der HdJ-P ass de Jean Claude Limpach. Doduerch, datt hien Trompettist an der HMP ass, steet hien am dauemde Kontakt mam Chef vun der HMP. Den Har Limpach huet 2003 d'Direktioun vun dëser Jugendmusek iwwerholl. Déi zirka 30 Musikanten spille virun allem dei Musek, dei hire Fähegkeeten an Talenter entsprëcht, ouni datt awer op ee steigende Niwo verzicht gët.
            .

Et duerf een awer och nie vergiessen, datt d'Existenz vun der Jugendmusek an engem dauernde Wiessel vu neien, jonke Musikanten steet, déi ët matzen an der Schoulzait faerdeg brengen, dësem intelligenten Hobby no ze goen, a grad am Veräin onbewosst eng perséinlech wichteg sozial Integratioun erliewen.

Wann di kleng Musek am Joer 2009 schons 40 Joer kritt, da feiert sie dee Jubiläum zesummen mam Centenaire vun der Harmonie Municipale Péiteng.

Bis dohin wenschen d'Musikanten, de Chef, an dei Responsabel, jiddfer Auditeur e puer . flott Momenter mat der Harmonie des Jeunes vu Peiteng .